Op den Inhalt sprangen

Joseph Kohnen

Vu Wikipedia
Joseph Kohnen
Gebuer 25. Oktober 1940
Lëtzebuerg
Gestuerwen 2. MĂ€erz 2015
Lëtzebuerg
Alter 74 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Kulturhistoriker, Universitéitsprofesser, Philolog
Member vun EuropÀesch Wëssenschafts- a Konschtakademie

De Joseph Kohnen, gebuer de 25. Oktober 1940[Quell?] zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 2. MÀerz 2015[1], war e lëtzebuergeschen Auteur a Literaturfuerscher. Fir seng Fuerschungsaarbechte krut hien 1995 de Servais-PrÀis[2].

No der Premiere 1961 huet de Joseph Kohnen op de Cours supérieurs zu Lëtzebuerg, zu Nanzeg, zu ParÀis (Sorbonne) an zu Bonn studéiert. No sengem MilitÀrdéngscht huet hie vun 1966 bis zu senger Pensioun als Professer am Kolléisch geschafft. No senger Promotioun am Joer 1972 huet de Joseph Kohnen sÀin Déngscht am Centre universitaire de Luxembourg ugetratt, fir d'éischt als Chargé (1976) a vun 1979 un als Professer fir rezent dÀitschsproocheg Literatur. Vun 1990 u war hie Gaaschtprofesser fir dÀitsch a franséisch Literatur op der Universitéit Königsberg (Kaliningrad).

Vun 1980 u war de Joseph Kohnen Coediteur vun der LiteraturzÀitschrëft nos cahiers. Hie war och nach Member vu follgenden Institutiounen:

  • zanter 1976: Hamann-Forschung;
  • z. 1983: Centre de recherche sur les pĂ©riodiques de langue allemande de 1750 Ă  1830 op der UniversitĂ©it Metz
  • z. 1988: Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal
  • z. 1997: Historische Kommission fĂŒr ost- und westpreußische Landesforschung.

Eng detailléiert Bibliographie fënnt een op dëser WebsÀit vum nationale Literaturarchiv[3].

  • Kohnen, Joseph, 1972. Jean Pauls dichterische Gestaltung der Wahrheitssuche im "SiebenkĂ€s" und im "Titan". Dissertation. Nancy [Selbstverlag].
  • Kohnen, Joseph, 1980. Goethes Luxemburger Zeichnungen. Imprimerie Saint-Paul, Luxemburg.
  • Kohnen, Joseph, 1983. Theodor Gottlieb von Hippel. 1741-1796. L'homme et l'oeuvre. Habilitationsschrift.
  • Kohnen, Joseph, 1984. MunkĂĄcsy und Luxemburg. Imprimerie Saint-Paul, Luxemburg.
  • Kohnen, Joseph, 1987. Theodor Gottlieb von Hippel. Eine zentrale Persönlichkeit der Königsberger Geistesgeschichte. Biographie und Bibliographie. LĂŒneburg: Nordost-Archiv.
  • Kohnen, Joseph, 1990. Sterbe- und Grabespoesie im deutschen Roman. Zur intertextuellen Überlieferung des Themas von Martin Miller bis Wilhelm Raabe. Bern; Frankfurt/Main: Peter Lang.
  • Kohnen, Joseph, 1996. Zwischen Paris und Budapest: MunkĂĄcsy in Luxembourg. S. 13-35 in: MunkĂĄcsy et le Grand-DuchĂ© de Luxembourg. Exposition du 20 septembre au 17 novembre 1996. MusĂ©e national d'histoire et d'art, Luxembourg.
  • Kohnen, Joseph, 1999. Munkacsy und Luxemburg: Auswahlbibliographie. Galerie: revue culturelle et pĂ©dagogique 17/4: 599-605. Differdange.
  • Kohnen, Joseph, 2000. Meine ersten Walferdinger Tage. In: 150 Joer Gemeng Walfer: 1851 - 2000, Vol. 1: 24-36. Administration communale, Walferdange.
  • Kohnen, Joseph, 2000. Zu MunkĂĄcsys Christus-Trilogie. Nos cahiers: LĂ«tzebuerger ZĂ€itschrĂ«ft fir Kultur 4: 9-27. Luxembourg.
  • Groben, Joseph, Joseph Kohnen & Paul Maas, 2002. Deutschsprachige Lyrik in Luxemburg. 285 S. Institut grand-ducal, Section des arts et des lettres. Impr. Saint-Paul, Luxembourg.
  • Kohnen, Joseph, 2006. Unbekannte MunkĂĄcsy-Bilder mit Luxemburger Motiven. Nos cahiers: LĂ«tzebuerger ZĂ€itschrĂ«ft fir Kultur 2:43-56. LĂ«tzebuerg.
  • Kohnen, Joseph, 2007. Le site de Colpach depuis les dĂ©buts jusq’à l'avĂšnement des Mayrisch (1917). Galerie: revue culturelle et pĂ©dagogique 25, n° 2: 205-228. Differdange.
  • Kohnen, Joseph, 2008. MunkĂĄcsy und Luxemburg. Mit einem Begleitwort von Jean Ries. 2. ĂŒberarb. & erw. Aufl. 242 S. Ă©ditions saint-paul, Luxemburg. ISBN 978-2-87963-714-3.
  • Craemer, Susanne, Enrica Yvonne Dilk, Heinz Sieburg & Ferdinand Stoll, 2006. EuropĂ€ische Begegnungen. BeitrĂ€ge zur Literaturwissenschaft, Sprache und Philosophie. Festschrift fĂŒr Joseph Kohnen. 677 S. Saint-Paul, Luxembourg.
  • Nothar, Roger (Ă©d.), 1995. Remise du prix spĂ©cial Servais 1995 Ă  M. Joseph Kohnen: 11 juillet 1995, Théùtre des Capucins, Luxembourg. 31 p. Fondation Servais pour la littĂ©rature luxembourgeoise, J. Beffort, Luxembourg.
  1. ↑ "Philologe Joseph Kohnen verstorben." wort.lu, 4. MĂ€erz 2015 um 20:43.
  2. ↑ Cf. Nothar 1995 an der Literatur.
  3. ↑ DĂ«s WebsĂ€it ass och d'Quell fir dĂ©i meescht Informatiounen an dĂ«sem Artikel. Bibliographie a Literatur goufen duerch eng Selektioun aus de BestĂ€nn vun der NationalbibliothĂ©ik ergĂ€nzt.