Op den Inhalt sprangen

Laurent Terzieff

Vu Wikipedia
Laurent Terzieff
Gebuertsnumm Laurent Didier Alexe Terziev, Đ›ĐŸŃ€Đ°Đœ ДОЎОД АлДĐșс йДрзОДф
Gebuer 27. Juni 1935
Toulouse
Gestuerwen 2. Juli 2010
13. Arrondissement
Alter 75 Joer
Nationalitéit FrankrÀich
Educatioun Lycée Buffon
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterregisseur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Regisseur, Museker
Auszeechnungen OffizĂ©ier vum Ordre national du MĂ©rite, Commandeur des Arts et des Lettres‎, MoliĂšre fir de beschte Schauspiller
Famill
Liewenspartner(in) Pascale de Boysson
Papp Jean Terzieff
Geschwëster Brigitte Terziev, Catherine Terzieff, Odile Terzieff

De Laurent Didier Alex Terzieff, gebuer de 27. Juni 1935 zu Toulouse, a gestuerwen den 2. Juli 2010 zu ParÀis, war e franséische Schauspiller an Theaterregisseur.

Den Terzieff huet 1953 als Acteur am Théùtre de Babylone vum Jean-Marie Serreau am Stéck Tous contre tous vum Arthur Adamov ugefaangen. De Marcel Carné huet him eng Roll a Les Tricheurs (1958) ugebueden, eng Geschicht iwwer en existentialistesche jonke Mënsch. Duerno war den Terzieff a verschiddene Filmer ze gesinn, dorënner drÀi vum Claude Autant-Lara (ë. a. Tu ne tueras point, 1961) an ee vum Henri-Georges Clouzot (La PrisonniÚre).

Weider huet hien an À coeur joie mam Brigitte Bardot gespillt, Les Garçons (1959) vum Mauro Bolognini, basĂ©iert um Buch Ragazzi di vita vum Pier Paolo Pasolini, Vanina Vanini, Le DĂ©sert des Tartares, Medea (och vum Pasolini) an a La voie lactĂ©e vum Luis Buñuel. An den 1980er Jore war hie virun allem am Theater aktiv. Hie war awer och nach a Filmrollen ze gesinn, wĂ©i z. B. a Rouge Baiser (1985), Germinal (1993) a Le radeau de la MĂ©duse (1998).

 Commons: Laurent Terzieff – Biller, Videoen an Audiodateien