Op den Inhalt sprangen

Pascal Obispo

Vu Wikipedia
Pascal Obispo
Pascal Obispo during a concert in 2011.
Gebuertsnumm Pascal Michel Obispo
Pseudonym Captain SamouraĂŻ Flower, Vitoo
Gebuer 8. Januar 1965
Bergerac
Alter 61 Joer
Nationalitéit FrankrÀich
Aktivitéit SÀnger, Singer-Songwriter, Librettist, Schauspiller, Komponist, Liddertexter, Moler, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Museker
Auszeechnungen NRJ Music Award de l'artiste masculin francophone de l'annĂ©e, Chevalier des Arts et des Lettres‎
Famill
Bestuet mat Jenifer (2008–2009)
Liewenspartner(in) Sonia Mabrouk (2023–)
WebsÀit http://www.pascalobispo.com

De Pascal Obispo, gebuer den 8. Januar 1965 zu Bergerac, ass e franséische SÀnger a Komponist. An den 1990er an an den 2000er war hien ee vun den erfollegrÀichste Kënschtler a FrankrÀich. Hien huet och Lidder fir aner SÀnger geschriwwen, besonnesch fir de Florent Pagny an d'Natacha St-Pier.

1990er: Um Wee zum Superstar

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Nodeems de Pascal Obispo an den 1980er Joren zu Rennes a verschiddene Rock an New-Wave-Gruppen aktiv war huet hien 1990 den Album Le Long du fleuve erausbruecht.[1] Deen huet et him erméiglecht, e Kontrakt mam grousse Plackelabel Epic ze ënnerschreiwen, bei deem 1992 den zweeten Album Plus que tout au monde verëffentlecht gouf. Den Erfolleg vun dÀr Plack ass der Singlauskoppelung mam selwechten Numm an dem Lidd Tu vas me manquer ze verdanken, déi et bis op déi 38. respektiv bis op déi 16. Plaz vun de franséische Singlecharts gepackt hunn.

Och den Album Un jour comme aujourd'hui (1994) koum un de SuccÚs vu sengem VirgÀnger erun, mat Titele wéi Tombé pour elle (#12 a FrankrÀich) an Tu compliques tout (#21). Den Album gouf vun der Musek vum Michel Polnareff (vun deem den Obispo d'Lidd Holidays gecovert huet) an de Beatles inspiréiert. Schlussendlech huet e sech iwwer eng Hallef Millioun mol verkaaft. D'Joer drop huet hien de Lidderschreiwer Lionel Florence kennegeléiert, mat deem hien d'Titellidd fir d'TV-Serie Sous le soleil geschriwwen huet. Déi zwee hunn duerno nach vill a reegelméisseg mateneen kollaboréiert.

Nodeems de Pascal Obispo op 13 Concerte vum CĂ©line Dion als Virgrupp opgetrueden ass, huet den Album Superflu de Pascal Obispo 1996 definitiv als fransĂ©ische Pop-Superstar etablĂ©iert. Dank de Lidder Personne (#9 a FrankrĂ€ich), Il faut du temps (#40), Lucie (#6) an dem Duett Les meilleurs ennemis mam Zazie (#39) goufen iwwer eng Millioun Exemplaire vun der Plack verkaaft. Schonn Ufank des Joers war d'Zazie mam Titel Zen, dat vum Obispo geschriwwe gouf, an den Charts gelant. Och fir aner KĂ«nschtler huet den Obispo Lidder geschriwwen, zum Beispill den Titel Savoir aimer fir de Florent Pagny, deen 1997 wochelaang op der Ă©ischter Plaz vun de Singlecharts a FrankrĂ€ich an an der fransĂ©ischsproocheger Belsch stoung. D'Joer drop huet hien dem Johnny Hallyday sĂ€in Album Ce que je sais produzĂ©iert a mam Lionel France d'Benefizsingle Sa raison d'ĂȘtre geschriwwen, dĂ©i vun 42 bekannte KĂ«nschtler agespillt gouf. D'Suen sinn un de Kampf gĂ©int HIV/Aids gaangen. Am Juli 1997, wĂ€rend engem Concert zu Ajaccio a Korsika, huet een 19-jĂ€rege Mann mat engem Gewier op den Obispo geschoss. Un deen TĂ«schefall erĂ«nnert e LĂ€inzeechen um lĂ©nksen Aperhoer.[2][3]

Nom Livealbum Live 98, dee wÀrend der Tournée Superflu opgeholl gouf, huet den Obispo 1999 dem Patricia Kaas sÀin Album Le mot de passe produzéiert an op e puer Lidder um neien Album (RéCréation) vum Florent Pagny matgeschafft. Am Dezember dunn huet hie selwer sÀi fënenfte Studiosalbum, Soledad erausbruecht, vun deem 700.000 Kopie verkaaft goufen a vun de Singelen Soledad, L'important c'est d'aimer (#32), Pas besoin de regrets (#43) a Ce qu'on voit Allée Rimbaud (#29) gedroe gouf.[1]

Les dix commandements a Fan

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

WÀrend bal engem Joer huet den Obispo um Musical Les dix commandements geschafft, dat am Oktober 2000 seng PremiÚre am Palais des sports zu ParÀis gefeiert huet. Et erzielt d'Geschicht vum Moses an den 10 Geboter a war e risegen Erfolleg a FrankrÀich. Déi éischt Single, L'envie d'aimer, huet sech iwwer 1,5 milliounemol verkaaft a stoung wochelaang op der zweeter Plaz vun de franséischen Charts. De Musicalalbum huet sech och iwwer eng Millioun mol verkaaft. An de siwe Joer, an deenen de Spektakel gespillt gouf, hat e ronn 1,8 Milliounen Zuschauer.[4] Spéider am selwechte Joer huet hien den Titel Noël ensemble um kollaborative Benefizalbum mam selwechten Numm komponéiert.

2001 gouf den Obispo bestuet a Papp vun engem Jong, deen hien zum Lidd Millésime (#3) inspiréiert. 2001 krut hien e PrÀis fir den "Artiste masculin de l'année" bei den NRJ Music Awards. D'Joer drop huet hien dem Natasha St-Pier sÀin erfollegrÀichen Album De l'amour le mieux produzéiert, op deem och den Titel Tu trouveras ze fannen ass. Och op hire spéideren Albume schafft hie mat der kanadescher SÀngerin zesummen. Si huelen 2004 d'Duett Mourir demain (#7) op.

2003 packt den Obispo et fir d'éischt Kéier a senger KarriÀr op d'Nummer Eent an de franséische Singlecharts, an dat mam Lidd Fan. Mat Zinédine (#8) séngt hien am selwechte Joer och en Hommage un de Zinédine Zidane. Studio Fan - Live Fan, en Duebelalbum an Hommage un de Michel Polnareff, gëtt 2004 verëffentlecht. Fir seng Tournée Fan Tour, déi iwwer eng hallef Millioun Zuschauer unzitt, gewënnt den Obispo eng Victoire de la musique. 2006 kënnt sÀi siwente Studiosalbum Les fleurs du bien eraus. Bekanntste Lidder sinn do Rosa, dat iwwer d'amerikanesch Mënscherechtlerin Rosa Parks handelt, déi 2005 gestuerwe war, an den Duett 1980 mam Melissa Mars (#5).

Zesumme mam Fatal Bazooka parodéiert hien am Januar 2007 mam Titel Mauvaise foi nocturne d'Lidd Confessions nocturnes vum Diam's an dem Vitaa. Et steet 12 Woche laang an den Top 10 a FrankrÀich, dovu fënnef op der éischter Plaz.

Am Abrëll 2009 verëffentlecht hien ënnert dem Pseudonym "Captain Samouraï Flower" den Album Welcome to the Magic World of Captain Samouraï Flower, deen gemëschte Kriticke krut an och kommerziell manner erfollegrÀich wéi seng VirgÀnger war. Déi éischt Single war Le drapeau (#6).

D'Trupp vum Musical Adam et Ève

ZĂ©ng Joer nom SuccĂšs vu Les dix commandements gouf am Juni 2010 den zweete Musical vum Pascal Obispo presentĂ©iert: Adam et Ève: La seconde chance. Trotz Honnerte vu KostĂŒmer, villen DĂ€nzer an engem Budget vun 10 Milliounen Euro war d'Show e kommerzielle MĂ«sserfolleg. Si spillt an enger futuristescher Zukunft, dĂ©i nĂ€ischt mat der biblescher Geschicht vum Adam an dem Eva ze dinn huet. D'Musical gouf tĂ«scht dem 31. Januar an dem 25 MĂ€erz 2012 zu ParĂ€is opgefouert, mee vun der Kritik net gutt opgeholl.[5][6][7] Eng TournĂ©e am Rescht vu FrankrĂ€ich huet missen ofgesot ginn, offiziell wĂ©inst der "dĂ©gradation du climat Ă©conomique".[8][9] Den Album, deen dozougehĂ©iert, gouf trotzdeem nach mat Gold-Status zertifiĂ©iert.

DrÀi Joer duerno ass dem Pascal Obispo sÀi "Best Of" Millésimes erauskomm, dee seng zwanzegjÀreg KarriÀr retracéiert an op deem zwee nei Lidder ze fannen sinn, dorënner d'Single Tu m'avais dit (#62). Duerno ass den Obispo nees op Tournée gaangen, de Millésimes Tour. Am September 2013 ass D'un Ave Maria (#33) erauskomm, déi éischt Singleauskoppelung vum Album Le Grand Amour, deen duebele Platinstatus erhalen huet.

Um Album Billet de femme (2016) stamen d'Texter vun der franséischer Dichterin Marceline Desbordes-Valmore (1786-1859). Am selwechte Joer huet hien och dem Vincent Niclo sÀin Album 5.Ø produzéiert,[10] an am Dezember ass d'Lidd La bonne nouvelle virgestallt ginn. Et ass den éischten Auszuch vum Obispo sengem drëtte Musical Jésus, de Nazareth à Jérusalem. Et behandelt erëm en Theema aus der Bibel an erzielt déi lescht drÀi Joer am Liewe vum Jesus. Déi éischt Virstellunge waren de 17. Oktober 2017 am Palais des sports zu ParÀis.

2018 an 2020 war den Obispo de "Coach" an der 7. Staffel vun der franséischer Castingshow The Voice : La Plus Belle Voix.[11]

Dem Pascal Obispo sÀin 12. Studioalbum France koum 2021 op de Maart. D'Lidder dorop hat hie méi wéi 20 Joer virdru fir d'France Gall geschriwwen, dat se awer refuséiert hat, an déi du vun anere Kënschtler opgeholl goufen. Déi selwecht Lidder goufe fir den Album France vum Obispo selwer nei opgeholl.[12] En huet et op déi zweet Plaz vun de franséischen Albumcharts gepackt a gouf d'Joer drop an enger neier Versioun mat drÀizéng zousÀtzleche Lidder ënnert dem Titel Histoires 2 France erausbruecht.[13]

Och déi nÀchst Studioalbume Le beau qui pleut (2023) a L'Archipel des séquelles (2024) hunn et an d'franséisch Albumcharts gepackt.

De Pascal Obispo (lénks) 2011 wÀrend engem Benefizconcert mam Bénabar
  • 1990: Le Long du fleuve
  • 1992: Plus que tout au monde
  • 1994: Un jour comme aujourd'hui
  • 1996: Superflu
  • 1999: Soledad
  • 2004: Studio Fan - Live Fan
  • 2006: Les Fleurs du bien
  • 2009: Welcome to the Magic World of Captain SamouraĂŻ Flower (als Captain SamouraĂŻ Flower)
  • 2013: Le grand amour
  • 2016: Billet de femme
  • 2018: Obispo
  • 2021: France (Neioplag 2022: Histoire 2 France)
  • 2023: Le Beau qui pleut
  • 2024: L'Archipel des sĂ©quelles
  • 1998: Live 98
  • 2001: MillĂ©sime Live 00/01
  • 2007: Les Fleurs de Forest
  • 2016: Billet de femme (Le concert symphonique)
  • 2024: 30 ans de succĂšs
  • 2013: MillĂ©simes

Lidder als SĂ€nger (Auswiel)

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • 1992: Plus que tout au monde
  • 1993: Tu vas me manquer
  • 1995: TombĂ© pour elle
  • 1995: Tu compliques tout
  • 1996: Personne
  • 1996: Lucie
  • 1997: Les meilleurs ennemis (mam Zazie)
  • 1998: Assassine
  • 1999: L'important c'est d'aimer
  • 2001: Ce qu'on voit, allĂ©e Rimbaud
  • 2001: MillĂ©sime
  • 2003: Fan
  • 2003: Zinedine
  • 2004: Mourir demain (mam Natascha St-Pier)
  • 2006: 1980 (mam Melissa Mars)
  • 2007: Nouveau voyage (C'est la vie) (mam Baby Bash)
  • 2009: Le drapeau
  • 2018: Chante la rue chante
  • 2018: Rien ne dure
  • 2013: D'un AvĂ© Maria
  • 2021: À qui dire qu'on est seul
  • 2023: J’étais pas fait pour le bonheur (mam Giordana Angi)

Lidder als Songwriter (Auswiel)

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
 Commons: Pascal Obispo – Biller, Videoen an Audiodateien
  1. 1 2 Fabien Lecoeuvre op bfmtv.com: Les secrets d'alcĂŽve sur PASCAL OBISPO (31. Mee 2013)
  2. ↑ L'HumanitĂ©: Ajaccio: l'agresseur de Pascal Obispo mis en examen (31. Juli 1997)
  3. ↑ L.R. op purepeople.com: Pascal Obispo a renouĂ© avec la Corse, oĂč il ne s'Ă©tait pas rendu depuis 12 ans... aprĂšs s'ĂȘtre fait tirer dessus en plein concert ! (21. August 2009)
  4. ↑ Les dix commandements um Site vun der Accor Hotel Arena (gekuckt den 1. MĂ€erz 2018)
  5. ↑ musicalavenue.fr Critique : “Adam et Ève – La Seconde Chance” au Palais des Sports de Paris et en tournĂ©e (7. Februar 2012)
  6. ↑ Gilles MĂ©dioni op lexpress.fr: Adam et Eve, comĂ©die musicale miĂšvre mais maĂźtrisĂ©e (8. MĂ€erz 2012)
  7. ↑ Sacha Reins op lepoint.fr: Adam & Eve : pas de chance (22. Februar 2012
  8. ↑ Huffington Post FrankrĂ€ich: Annulation d'Adam & Eve : fin de tournĂ©e pour la comĂ©die musicale de Pascal Obispo (27. August 2012)
  9. ↑ voici.fr: Pascal Obispo : la tour­nĂ©e de sa comé­die musi­cale Adam & Eve annu­lĂ©e (28. August 2012)
  10. ↑ Clara Lemaire op musique.orange.fr: Vincent Niclo collabore avec Pascal Obispo sur son nouvel album (22. August 2016)
  11. ↑ Fabien Morin op bfmtv.com: Pourquoi TF1 a recrutĂ© Pascal Obispo comme nouveau coach de The Voice (27. Januar 2018)
  12. ↑ francebleu.fr: DĂ©couvrez "France", l'album de Pascal Obispo Ă©crit pour France Gall vum Julien Lagueyrie (29. Oktober 2021)
  13. ↑ rfm.fr: Pascal Obispo: « Histoires 2 France », la réédition de son album « France », sortira le 21 octobre ! (21. September 2022)