Secret Passage
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland |
Groussbritannien Lëtzebuerg |
| Produktiounsjoer | 2001 |
| PremiĂšre | 2004 |
| Originalsprooch | Englesch |
| Ekipp | |
| Regie | Ademir Kenovic |
| Dréibuch |
Dominique Bursztejn Jean-François Goyet Ademir Kenovic Olivier Bonas |
| Fotografie | Vilko Filac |
| Produzent |
Delux Productions Zephyr Films |
| Schauspiller | |
|
John Turturro als Paolo Zane Katherine Borowitz als Isabel Tara Fitzgerald als Clara Hannah Taylor-Gordon als Victoria Anton Rodgers als Foscari Ronald Pickup als Da Monte Richard Harrington als Josef Seymour Matthews als Ruben Marc Pickering als Andrea Zane Carmen Sorrenti als Francesca Adam Kotz als Inquisitor | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no LĂ€nner - Film no Genre | |

Secret Passage ass e Spillfilm aus dem Joer 2001 dee vum Ademir Kenovic realiséiert (an zum Deel geschriwwe) gouf. Et ass eng lëtzebuergesch-brittesch Koproduktioun.
Ăm wat geet et?
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]1492: D'Isabel an d'Clara, zwee jiddesch Meedercher, si bei hirer Flucht aus Spuenien an um Wee op Istanbul zu Venedeg ukomm. D'Isabell hĂ«lleft do anere FlĂŒchtlingen, fir virun der Inquisitioun a SĂ©cherheet ze kommen, iwwerdeems d'Clara sech an den Adlege Paolo Zane verlĂ©iftâŠ
"Venedeg-op-der-Uelzecht"
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Fir de Film Secret Passage gouf op der Lentille Terre Rouge zu Esch-Uelzecht vun enger 300 Handwierker an Aarbechter bannent 6 Méint eng méi wéi 6 ha grouss Kuliss an Originalgréisst vu Venedeg am 15. Joerhonnert gebaut, inklusiv de KanÀl, deenen hir Dausende vu Meter-Kibb Waasser mat Liewensmëttelfaarf gréng gefierft goufen, fir echt auszegesinn. D'KÀschte vun dÀr Kuliss goufen op 5 Milliounen Dollar geschat[1]. Gedréit gouf am Summer 2001, am September (an e puermol duerno) gouf de Set fir de Public opgemaach.
Och fir aner Filmer gouf de Set benotzt, sou z. B. The Merchant of Venice vum Michael Radford, Der Herr der Diebe , De-Lovely vum Irvin Winkler, Ma femme s'appelle Maurice vum Jean-Marie Poiré, Girl with a Pearl Earring vum Peter Webber (woubÀi Deeler esou ëmdekoréiert goufen, fir wéi Delft am 17. Joerhonnert auszegesinn), eng BBC-Produtioun iwwer de Lord Byron an deen een oder anere Publicitéitsspott.[2]
Am Summer 2005 gouf de Set da fir zerguttstert ofgerappt,[3] well déi hëlzen a gappe Konstruktioun net gebaut gi war fir laang ze halen.
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Um Spaweck
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- De Film op der IMDb
- Reportage iwwer de Set op youtube.com
Referenzen
[Quelltext Ă€nneren]- â JosĂ©e Hansen: "Potemkin Lock" d'LĂ«tzebuerger Land vum 27. Juli 2001.
- â "François Biltgen assiste au tournage du film 'The Merchant of Venice' Ă Esch-Belval" (sic) gouvernement.lu, 28.11.2003.
- â land.lu: Al Pacino meets Andy Bausch (1. September 2005)
