Op den Inhalt sprangen

Our-Stauséi

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stauséi Our)
Our-Stauséi
Bréck bei der Biwelsser Millen
Verwaltung
Land Lëtzebuerg,
DĂ€itschland
GĂ©igend Éislek
Geographie
Zweck Stroumproduktioun
FlÀch 100 ha
Déift (Maximum) 25 m
Héicht. i. M. 228 m
LĂ€ngt 7.930 m
Hydrographie
Baseng RhÀin
Zoufloss Our
Reutersbach
Aalbischer Bach
Bousterbaach
Ausfloss Our

Den Our-StausĂ©i ass e StausĂ©i am enke mat BĂ«sch bewuessenem Éisleker Ourdall tĂ«scht Stolzebuerg a Veianen. E gĂ«tt vum Barrage op der Loumille bei Veianen gestaut. De StausĂ©i ass den Ă«nneschte Baseng vum PompelspĂ€icherwierk Veianen, dat zu de grĂ©isste vun dĂ€r Zort an Europa zielt.

Ufanks vun den 1960er Jore beim Uleeë vum Stauséi huet en Deel vun der Uertschaft Biwels missen op e kënschtleche Plateau verluecht ginn. Den 8 km laange Stauséi bedeckt eng FlÀch vu ronn 100 ha an huet e Fassungsverméige vun zirka 10 Millioune Kubikmeter. Flossop vun der Staumauer steet op der Héicht vu Stolzebuerg-Keppeshausen e Virwier mat Bréck.