Op den Inhalt sprangen

Amesch

Vu Wikipedia
Amesch Siidlungen an Nordamerika.

D'Amesch (op Englesch: Amish; op Pennsylvaniadäitsch: Amische) sinn eng Grupp traditionalistesch anabaptistesch ("Täufer") protestantesch Gemeinschafte mat Wuerzelen an der Schwäiz an am Elsass. Si liewen haut haaptsächlech am Nordoste vun den USA.

Geschicht an Organisatioun

[änneren | Quelltext änneren]
D'Amesch si bekannt fir hir rout Scheieren.
Eng amesch Famill an enger traditioneller amescher Kutsch a Pennsylvania.

D'amesch Gemeinschaft ass 1693 an der Schwäiz entstanen, wéi sech ech Grupp aus Schwäizer an Elsässer Mennonitte gespléckt huet. D'Unhänger, déi beim Jakob Ammann bliwwe sinn, goufen als "Amesch" bekannt. An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert hu sech d'Amesch weider opgespléckt. D'Old-Order-Amesch hunn de Groussdeel vun hirer deemoleger traditionellen Kultur konservéiert a rejetéieren bestëmmt modern Techniken, wéi den Auto oder den Telefon.

Wann hautdesdaags vun den Amesch riets ass, sinn an der Reegel d'Old-Order-Amesch gemengt, obwuel et nach aner Ënnergruppen vun den Amesch gëtt. D'Amesch loosse sech an dräi grouss Gruppen andeelen: d'Old-Order-Amesch, d'New-Order-Amesch an d'Beachy-Amesch. Alleguer droe si einfacht Gezei a liewen hiert Liewen der Bibel no, esou wéi si vun hirer Kierch interpretéiert gëtt.

D'Old-Order-Amesch an d'New-Order-Amesch halen hir Gottesdéngschter op Däitsch a benotze Päerdskutschen als Fortbeweegungsmëttel, am Géigesaz zu de Beachy-Amesch, déi modern Technologie (dorënner motoriséiert Gefierer) benotzen an hir Gottesdéngschter an der lokaler Sprooch vun der Regioun halen, an där si liewen. Souwuel bei den New-Order-Amesch wéi och bei de Beachy-Amesch spillen d'Widergebuert, d'Evangelisatioun an d'Sonndesschoulen eng wichteg Roll.

Am fréien 18. Joerhonnert si vill Amesch a Mennonitten aus verschiddene Grënn a Pennsylvania ausgewandert. Déi meescht Amesch schwätze Pennsylvaniadäitsch, enger Sproochvariant vun der däitscher Sprooch, déi op pfälzesche Dialekter opbaut. Am Bundesstaat Indiana gëtt et och eng Schwäizer Ënnergrupp, déi Alemannesch schwätzt.

2024 ass d'Zuel vun den Amesch op iwwer 400.000 geklommen, woubäi ongeféier 405.000 Amesch vum "Old Order" an den USA an iwwer 6.000 a Kanada, haaptsächlech am Ontario, gewunnt hunn. Hir Zuel geet séier an d'Luucht. Amesch Glawensgemeinschafte gi sech Méi, eng gewëssen Ofgrenzung zur net-amescher Welt oprecht ze erhalen. Net-amesch Leit gi vun hinnen am Allgemengen als "Englänner" bezeechent an Aflëss vu baussen dacks als "weltlech" beschriwwen.

Amesch Kanner um Wee fir an d'Schoul.

D'Memberschaft an der Amesch-Gemeinschaft fänkt mat der Erwuessenendaf un, déi an der Reegel am Alter vun tëscht 16 an 23 Joer geschitt. Zu enger Gemeinschaft zielen tëscht 20 a 40 Famillen, an d'Gottesdéngschter vun den Old-Order-Amesch an den New-Order-Amesch sinn all zweete Sonndeg am Haus oder an der Scheier vun engem Member, wärend d'Beachy-Amish all Sonndeg an der Kierch hir Mass feieren.

D'Reegele vun der Kierch, "Ordnung" genannt, déi tëscht de verschiddene Gemeinschaften variéiere kann, ginn zweemol d'Joer vun alle Membere vun der Kierch iwwerpréift. D'"Ordnung" muss vun all Member agehale ginn a reegelt vill Aspekter vum Alldagsliewen vun den Old-Order-Amesch, dorënner Verbueter oder Aschränkunge wat de Gebrauch vu Stroum aus dem ëffentlechen Netz, Telefon an Autoe betrëfft. D'Uerdnung gëtt och d'Kleedervirschrëften vir. Am Allgemenge gëtt grousse Wäert op d'Bezéiungen zur Kierch an zur Famill geluecht.

D'Old-Order-Amesch hunn hir eege selwer-geféiert Schoulen mat enger Klass. No der aachter Klass (am Alter vun 13-14 Joer) ass déi formell Educatioun eriwwer. Déi meescht Amesch schléisse keng kommerziell Versécherungen of a participéieren och net un der Sozialversécherung.

Als Anabaptiste praktizéieren d'Amesch-Gemeinschaften "Nonresistance", eng Form vu Gewaltlosegkeet. Si leeschten och kee Militärdéngscht.

  • Merle & Phyllis Good, 20 Most Asked Questions about the Amish and Mennonites; Lancaster, PA 17602, 1979; 96 S. (ill.); ISBN 0-9346-7200-8
 Commons: Amesch – Biller, Videoen an Audiodateien