Op den Inhalt sprangen

Bahrain

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
مملكة البحرين
Mamlakat al-Bahrain
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Arabesch
Haaptstad Manama (al-Manāma)
Koordinate vun der Haaptstad 26°13'N, 50°35'O
Staatsform Konstitutionell Monarchie
Staatsleedung
Monarch vum Bahrain Hamad bin Isa Al Chalifa
Premierminister vum Bahrain Salman bin Hamad bin Isa Al Chalifa
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 694[1] km²
Bevëlkerung 1.569.666 (2023)
Bevëlkerungsdicht 1044 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet vu Groussbritannien,
de 15. August 1971
Nationalfeierdag 16. Dezember
Nationalhymn Bahrainuna ("Eist Bahrein")
Praktesch Informatiounen
Wärung Bahrain-Dinar
Zäitzon UTC +3
Internet-TLD .bh
Internationalen Telefonsprefix +973

D'Kinnekräich Bahrain (arabesch: البحرين al-Bahrayn) ass en Inselstaat, deen an enger Bucht vum Persesche Golf läit an aus 33 Insele besteet.

Bahrain läit ëstlech vu Saudi-Arabien a westlech vu Katar. Den Numm "Bahrain" bedeit am Arabeschen "zwee Mierer". Domat sinn d'Mier ëm d'Insel an d'Grondwaassermier vun der Insel gemengt. D'Grondwaasser ass vun eminenter Wichtegkeet am Bahrain, well et déi eenzeg Waasserquell am Land ass. Et gëtt am ganze Bahrain keen eenzege Floss, iwwer 90 % vum Land si Wüst.

De Wüstestaat ass mam Export vu Pëtrol räich ginn, ass domat ekonomesch awer och ferm ofhängeg vun dëser eenzeger natierlecher Ressource.

 Commons: Bahrain – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. UNO 2004