Diddeleng
| Diddeleng | |
|---|---|
|
Vue op Diddeleng vum Waassertuerm a Pomhouse aus | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Dudelange de: DĂŒdelingen |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Esch-Uelzecht |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Dan Biancalana (LSAP) |
| Awunner | 21.953 |
| Â | 1. Januar 2023 |
| FlÀch | 838,8123 ha |
| Héicht | 295 m |
| Koordinaten |
49° 28â 56ââ N       06° 05â 04ââ O |
|
| |

Diddeleng ass eng Kadastersektioun an der Gemeng Diddeleng déi, bis Diddeleng de 4. August 1907 eng Stad gouf, nieft Butschebuerg a Biereng eng vun den drÀi Uertschaften an der Diddelenger Gemeng war. Diddeleng ass eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg an dofir gëtt d'Stad och nach Forge du Sud genannt.
 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Diddelenger Schmelz.
Geographesches
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Diddeleng lÀit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaseng um Bord vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.
De SĂŒde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den HĂ©ichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden an Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander a vun der Uelzecht.
Topographesches
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ămlafbierg, mat enger HĂ©icht vu 405 m, op deem Iwwerreschter vun enger Buergruin a rĂ©imescher Festung ze fanne sinn.
Déi héchst Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m (NG-L) huet, an ënner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTL's-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.
Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.
KuckeswÀertes
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Waassertuerm + Pomhouse, de fréiere Waassertuerm an d'Pompelstatioun vun der Diddelenger Schmelz; haut Musée mat ë. a. der permanenter Fotosausstellung The Bitter Years 1935-1941.
- D'Kierch St. Martin an déi restauréiert Stahlhut Uergel vun 1912.
- De Centre de documentation sur les migrations humaines an der Gare Diddeleng-Schmelz
- Den 285 Meter héijen Antennepotto vun RTL um Ginzebierg
- De Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten
Bekannt Diddelenger
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Jean-Pierre Adam Kënschtler
- Andy Bausch, Filmregisseur
- Benny Berg, Minister
- Nic Biever, Minister
- Marthe Bigelbach-Fohrmann, Deputéiert
- Nicolas Birtz, Buergermeeschter an Deputéierten
- Jean-Marie Biwer, Moler
- Alex Bodry, Minister
- Mars Di Bartolomeo, Minister
- Jean Fohrmann, Buergermeeschter an Deputéierten
- Henri Freylinger, Armurier an Olympionik
- Jean Hengen, ĂerzbĂ«schof
- Erna Hennicot-Schoepges, Ministesch
- Norbert Hoffmann, Dirigent vun der MilitÀrmusek
- Frantz Kinnen, Moler
- Robert Krantz, Schoulmeeschter a Lokalhistoriker
- Dominique Lang, Moler
- Raymond Reuter, Fotograf
- Edy SchĂŒtz, VĂ«lossportler
- Armand Strainchamps, Moler
- Marc Theis, Fotograf
- Michel Think, Armurier an Olympionik
- Elvira Berend, Senior Schach Weltmeeschterin 2017,2018,2019
Literatur zum Theema
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]- DiddelĂ©ng - GĂ«scht an haut; Ăditions Schortgen, 2020; Bildband vun 240 SĂ€iten.
- 100 Joer Diddeleng, BĂ€ilag vum Tageblatt Nr. 286 vum 8. Dezember 2007, 24 S.
- Dudelange, l'usine centenaire; Lëtzebuerg, Arbed s.a., 1982, 219 S.
- Krantz, Robert, Koerperich, LĂ©on: DĂŒdelinger Chronik, Band I, Aus dem Mittelalter in die Neuzeit (798-1907); Esch-Uelzecht, Imprimerie coopĂ©rative luxembourgeoise, 1980
- Krantz, Robert, Koerperich, LĂ©on, Conrardy, Jean-Pierre: DĂŒdelinger Chronik, Band II, 75 Jahre Stadt DĂŒdelingen (1907-1982) & 100 Jahre DĂŒdelinger HĂŒtte (1882-1982); Esch-Uelzecht, Ăditpress, 1982
- Weber, Albert, DĂŒdelingen - vom Dorf zur Stadt. BeitrĂ€ge zur DĂŒdelinger Lokalgeschichte; (ouni Datum; 1985), erausgi vun der Stadverwaltung vun DiddelĂ©ng a vun der Kulturkommissioun; 227 S., ill..
Historesch Biller
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Héichiewen zu Diddeleng. Foto Charles Bernhoeft, 1891
- D'"Villa Urbany" um Deich, 1905 gebaut[1]
- Place de l'église. Foto J.M. Bellwald, Ufank 20. Joerhonnert
- Diddeleng vum deemolege Schlakentipp aus gesinn.[2] Foto J.M. Bellwald, Virun 1908
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Referenzen an Notten
[Quelltext Ă€nneren]- â cf. Antoinette Lorang: Die mĂ€rchenhafte Villa des Dr Urbany; in La maison d'en face. Das Haus gegenĂŒber. SĂ€it 149-152, Ăditions Le Phare, Esch-Uelzecht, 1995, 202 S. ISBN 2-87964-031-8
- â De Schlakentipp war deemools beim Schwaarze Wee ier en op Butschebuerg verluecht gouf. Enn den 1980er ass deen Tipp ofgedroe ginn a mat him ass och de Schwarze Wee verschwonnen, respektiv gouf d'Route de Thionville (CR190).

