Op den Inhalt sprangen

Kierch Diddeleng

Vu Wikipedia
Kierch vun Diddeleng
Parkierch vun Diddeleng (2008)

Parkierch vun Diddeleng (2008)
Parkierch vun Diddeleng (2008)
Uertschaft / PlazDiddeleng
Par Diddeleng Saint-Martin
Dekanat SĂŒden-Ost
Numm / Patréiner Hl. MÀerten
Konsekratioun 1904
Architekt(en) Pierre
Alphonse Kemp
Baujoer 1894-1900
Koordinaten 49° 28’ 47.6’’ N
      06° 05’ 09.5’’ O
D'Kierch vum Parc Mayrisch aus gesinn (2013)

D'Kierch vum Parc Mayrisch aus gesinn (2013)
D'Kierch vum Parc Mayrisch aus gesinn (2013)
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Diddeleng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Diddeleng Saint-Martin an zu der Gemeng Diddeleng gehéiert.

Se steet am Zentrum vun der Uertschaft op der KrÀizung vun der avenue Grande-Duchesse Charlotte an der rue Jean-JaurÚs mat der rue du Commerce an der rue Edison, dem CR184.

Den 21. Juni 2017 gouf d'Kierchegebai als nationaalt Monument klasséiert.[1]

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege MÀerten, deem sÀi Fest den 11. November gefeiert gëtt..

Zur fréierer Par Diddeleng gehéieren ausser der Parkierch och nach d'Lukaskapell zu Butschebuerg, d'Kapell um Gehaansbierg, d'Kapell zu Biereng an d'Eligiuskapell vun Diddeleng.

D'Kierch Ufank vum 20. Joerhonnert
Monument op der Plaz wou déi fréier Kierch stoung

DĂ©i Ă©ischt Parkierch vun der ganzer GĂ©igend stoung frĂ©ier uewen um Gehaansbierg. GĂ©int 1300 ass de SĂ«tz vun der Par an d'Uertschaft transferĂ©iert ginn. D'Kierch, dĂ©i am 18. Joerhonnert gebaut gi war an ca 200 m mĂ©i wĂ€it sĂŒdlech vun der aktueller Plaz stoung, war Enn vum 19. Joerhonnert duerch de Boom an der Stolindustrie an d'Uwuesse vun der BevĂ«lkerung ze kleng ginn. Dofir war et noutwendeg ginn, eng nei Kierch ze bauen an no de PlĂ€ng vun den Architekte Pierre an Alphonse Kemp sollt entstoen.

De Grondstee fir déi neogotesch Kierch gouf den 21. Mee 1894 vum deemolege Generalvikar Jean-Bernard Krier geluecht. De Bau war 1900 fÀerdeg. Den 11. Juni 1904 gouf se vum Bëschof Jean Joseph Koppes konsekréiert.

D'Kierch huet eng LÀngt bannena vun 59,60 a baussen eng vun 63,50 Meter. D'Breet ass bannen 23,50 a baussen 26,80 Meter. Se wier domat déi gréisst Parkierch am Land[2].

Besonnesch bemierkenswÀert sinn d'Wandmolereien aus de Joren 1924-1927 vum Benediktinerbrudder Notker Heinrich Becker (1883-1978) aus dem Klouschter Maria Laach. Se weisen ë. a. de Pilgerwee vun den hellege MÀnner a Fraen aus der Welt an dat himmelescht Jerusalem, woubÀi den Deel vun dëser Welt op der SÀit vum Duxall eng Industriestad a Leit aus dem Minett duerstellt.

Déi véierzéng Statioune vum KrÀizwee sinn e Wierk vum Diddelenger Kënschtler Dominique Lang. Se si mat Uelegfaarwen op Lénge gemoolt a sinn tëscht 120 an 122,7 cm héich an tëscht 84 a 86 cm breet. Op der drëtter Statioun ass de Kënschtler an der Mëtt vum Bild ze gesinn. Op der zwielefter ass ënner dem KrÀiz de Paschtouer Kuborn a seng drÀi Kapléin Razen, Konrath a Gushurst ze gesinn.

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vun Diddeleng.

Am Chouer sinn drÀi faarweg Fënstere vum Joseph an Emile Probst, se weisen de Johannes den Deefer, den hl. MÀerten an d'helleg BÀerbel. Hannen an der Kierch ass eng Dier an zwou méi kleng Fënstere mat Glasmolereie vum Diddelenger Kënschtler Frantz Kinnen.

Des Weidere stinn eng ganz Rei Statuen an der Diddelenger Kierch:

  1. Muttergotteskapell (1)
  2. Hl. Anna mat der Maria (2)
  3. Héichaltor (3)
  4. Hl. Jouseph (4)
  5. Herz-Jesu-Kapell (5)
  6. Hl. Willibrord (6)
  7. Muttergottes vu Fatima (7)
  8. Hl. Agnes (8)
  9. Hl. Aloysius (9)
  10. ËmmerwĂ€hrend HĂ«llef (10)
  11. Hl. Antonius vu Padua (11)
  12. Hl. Barbara (12)
  13. Hl. Franz vun Assisi (13)
  14. PietĂ  (14)
  15. Hl. Johannes, den Defer (15)
  16. Dafsteen (16)

Am Tuerm vun der Diddelenger Martinskierch hÀnken drÀi Klacken. Si lauden d'selwecht wéi déi vun der Téitenger Kierch, just datt déi kleng Klack méi héich gestëmmt ass. D'Diddelenger Klacke lauden an den Téin es' déi grouss, f' déi mëttel a g' déi kleng.

Geeschtlech am Déngscht vun der Par

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Paschtéier (parochi):

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • Heinrich von DĂŒdelingen 1325
  • Nikolaus von Gymnich 1339
  • Johhann von Daisberg 1339, 1347
  • Johann von Bissen (Verwalter) 1375
  • Arnold von Hollveltz (Hollenfels) 1419
  • Johann von BĂŒringen 1451, 1464, 1490
  • Johann (Molitor) von DĂŒdelingen 1493, 1504
  • Markus von Schifflingen 1532, 1541-1552+
  • Heinrich von Bettemburg (Verwalter) 1552-1559
  • Johann von Differdingen (Verwalter?) 1559-1560
  • Johan Nop (Nobe) (vu Veianen); Verwalter 1560-1570; Paschtouer 1598
  • J.P. Schey (vu LĂ«tzebuerg)...1602-1623+
  • Joh. Keelen (Kayllen, Kielen) (vu LĂ«tzebuerg) 1623-1632+
  • Joh. Jos. Patz (vun Helzen) 1636-1645+
  • Peter Scherer (vu LĂ«tzebuerg) 1645-1679+
  • Joh. Bapt. Kessler 1679-1684+
  • Michael Geib (vu Wilwerdang) 1684-1711
  • Joh. Steichen (vu Scheffleng) 1711-1727+
  • Peter Eschette (Eschet) (vu Baastenduerf) 1727-1768+
  • Bernard Hantzen (Hansen) (vum SchlĂ©iwenhaff bei Leideleng) 1768-1799
  • Joh. Bapt. Zimmer (Vicarius, Verwalter) 1799-1800
  • Ludwig Dionyisus Wuerth (vu LĂ«tzebuerg) 1801-1809
  • Mathias Wolff SJ (vun Dikrech) 1809-1815
  • Joh. Bapt. Pletschette (vu Groussbus) 1815-1817+
  • Michael Fuhrmann (Formann) (vu Bauschelt) 1817-1828+
  • J.P. Meyer (vun Eeselbuer bei Clierf) 1828-1856
  • Phil. Schroder (vun IewerlĂ©ng) 1856-1880
  • Nikolaus Reichel (vun Uewerwampech) 1880-1887
  • Michel Ernst (vun Duelem) 1987-1891+
  • Mathias Schmit (vum Kierchbierg) 1891-1893+
  • Laurent Bernard Kohn (vu GrĂ©iwemaacher) 1893-1902
  • Henri Kuborn (vu LĂ«llgen) 1902-1920+
  • Joseph Philippe (aus der Stad, net ze verwiessele mam Beschof Philippe) 1920-1930
  • Antoine Guill (vun Dikrech) 1930-1932+
  • Nicolas Lommel (vun Äischen) 1932-1955
  • Jean Pierre Ries (vu Simmer) 1955-1959+
  • Theodore Ley (vu Proz aus dem PrĂ©izerdall) 1960-1971
  • Roger Kayser (vu SchĂ«ndels) 1971-1986
  • Robert Sibenaler (vum Stater Lampertsbierg) 1986-2013+
  • Marc Gilniat (vun Uewerkuer) 2012-2013
  • Edmond Ries (vun AlzĂ©ng) 2014 -

Kapléin (vicarii):

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • Raymond Everard
  • Victor Elz
  • Pater Joseph Thiery SCJ 1966-1975
  • Camille Juncker (Schmelz) 1966-1971
  • Pater Jacques Steffen SCJ 1967-1968
  • Jean Michel Schneider 1967-1976
  • Jean Poos 1969-1971
  • Jos Weisgerber 1971-1978
  • Pit Reuter 1978-
  • Felix Steichen
  • Leo Kraus -1993
  • Edmond Ries (1993-2000)
  • Laurent Fackelstein (2000-2003)
  • Denis Welisch (2003-2005)
  • Luc Schreiner (2005-2007)

Hëllefsgeeschtlech:

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • Jean Bosco Rwasha Cishibanji (2009-2011)
  • Jean Ehret (2007-2012)

Aner reliéis Gebaier an der Par Diddeleng

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • D'Lukaskapell zu Butschebuerg
  • D'Jousefskapell zu Biereng
  • D'Gehaanskapell um Gehaansbierg
  • D'Eligiuskapell am Quartier Op der Schmelz aus den 1960er Joren, an dĂ€r allerdĂ©ngs just nach ganz seele GottesdĂ©ngscht gefeiert gĂ«tt.
  • Den Oratoire am Diddelenger Spidol um Ă©ischte Stack
  • Bis an d'1990er Jore gouf et am Quartier Italien eng Kapell an engem GeschĂ€ftslokal vum engem Privathaus. WĂ©i dĂ«st Haus de ProprietĂ€r gewiesselt huet, gouf de Bail mat der KierchefabrĂ©ck gekĂ«nnegt an d'Kapell huet missen zougemaach ginn.
  • Schnell KunstfĂŒhrer N°2377: Katholische Pfarrkirche St. Martin DĂŒdelingen
  • Die DĂŒdelinger Kirche und ihre Stahlhuth-Orgel. Mit BeitrĂ€gen ĂŒber Kirchenkunst, Orgelbau und Orgelmusik, sowie einer Monografie ĂŒber die Orgelbauer Georg und Eduard Stahlhut, DiddelĂ©ng 2002, 510 SĂ€iten.
  • Thill, Norbert, Pfarrkirche Sankt Martin, Die "DĂŒdelinger Sixtinische Kapelle" in Geschichte und Gegenwart, Heimat und Mission, Sonderheft 3, 1/2013 - Jahrgang 87, 44 S.
  • Claude Lahr: Les maĂźtres du vent, LĂ«tzebuerg 2006.
 Commons: Kierch Diddeleng – Biller, Videoen an Audiodateien
  1. ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bĂ©nĂ©ficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. September 2026).
  2. ↑ Luxemburger Wort, 15. September 2012, S.32