inthierryview
|
| |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | Lëtzebuerg |
| Produktiounsjoer | 2008 |
| PremiĂšre | 2008 |
| Dauer | 105 min |
| Faarf | Faarweg |
| Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
| Ekipp | |
| Regie | Andy Bausch |
| Dréibuch | Andy Bausch |
| Fotografie | Carlo Thiel |
| Musek | ? |
| Schnëtt | Misch Bervard |
| Produzent | Paul Thiltges distributions |
| Schauspiller | |
|
(am Interview) Thierry van Werveke Til Schweiger Michael Haneke Moritz Bleibtreu Buket Alakus Sascha Ley Frank Hoffmann Pipo Petro Claude Bertemes Danielle Igniti | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no LĂ€nner - Film no Genre | |
inthierryview ass e lëtzebuergesche Documentaire iwwer den Thierry van Werveke vum Andy Bausch. En ass den 28. November 2008 an de Kinoen ugelaf.
5.100 Leit hunn de Film am Kino gesinn.[1]
Wourëms geet et am Film?
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Den Titel "inthierryview" ass e Wuertspill mat "Interview" an "Thierry". De Film ass en Documentaire iwwer dem Museker a Schauspiller Thierry van Werveke sÀi Liewen a seng KarriÀr, deen haaptsÀchlech aus Interviewe mam an iwwer de van Werveke besteet. Zu Wuert kommen ë. a. Museker, Schauspiller a Regisseuren, mat deenen en zesummegeschafft huet. Et gëtt och eng 50 Ausschnëtter aus Filmer, an deenen e matgespillt huet, an e puer fiktional Zeenen.
Nieft senger KarriÀr a Film, Musek an Theater schwÀtzt den Thierry van Werveke och iwwer seng Kandheet zu Genf, seng DrogenofhÀngegkeet als 18-jÀregen, sÀin Job als LÀichewÀscher an als Garçon an engem Diddelenger Café, seng ZÀit als éischte Punk vu Lëtzebuerg, sÀin Alkoholismus, asw.[2]
Soss
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Et ass dëst, no The very last cha cha cha (1999), deen zweete Film vum Andy Bausch iwwer de van Werveke, mat deem en zanter sengen éischten Experimentalfilmer op 8mm zesummeschafft. De Film ass entstanen als eng Zort 50.-Gebuertsdagshommage, mÀ och, well ufanks 2008 bekannt gouf, datt dem van Werveke sÀi Gesondheetszoustand ganz kritesch war. Hien ass knapps zwéi Méint no der PremiÚre gestuerwen.
Inthierryview krut beim 4. Lëtzebuerger FilmprÀis 2009 de PublikumsprÀis.
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Um Spaweck
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Referenzen
[Quelltext Ă€nneren]- â "Die vierte Ehrung der Filmschaffenden im GroĂherzogtum", journal.lu, 31.10.2009.
- â Synopsis op ptd.lu ArchivĂ©iert de 15.12.2008. Gekuckt de 26.11.2008.
